Bacheloraarbecht (FH Köln) by Tami

D’Bacheloraarbecht ass déi lescht grouss Aarbecht zum Ofschloss vum Studium. Si huet am Duerchschnëtt eng Längt vu 40 Säiten (ouni Anhang a Quellenverzeichnis). Duerch déi Aarbecht soll een ënner Beweis stellen, dass ee selbstänneg wëssenschaftlech schaffen a schreiwe geléiert huet (Quelle recherchéieren, auswäerten, richteg benotzen an en zousätzleche Mehrwert duerch seng Aarbecht schafen).

D’Bacheloraarbecht hëlt een an der Regel am leschte Semester vum Studium an Ugrëff. Ier et awer un déi offiziell Umeldung geet, mëscht ee sëch fir d’éischt op d’Sich no engem Thema. Dëst ass ee Prozess, deen duerchaus e puer Wochen daueren kann. Huet een dann eng Virstellung iwwert wat ee schreiwen wëll, muss een en Dozent fannen, bei deem ee schreiwen kann an deen de „Betreier“ ass. Dat hänkt vun dem Themegebitt an och vun der Verfügbarkeet vun den Dozenten of. De Betreier ass während dem Prozess vun der Entstehung vun der Bacheloraarbecht den Uspriechpartner vum Student. An der Regel muss de Student éischt Recherchen an eng Glidderung (Opbau) vu senger Aarbecht virweisen kënnen, ier de Betreier säin OK fir d’Umeldung gëtt. Dëst geschitt duerch e Formulaire, op deem de genauen Titel verzeechent gëtt an op deem déi zwee spéider Korrekteren hier Ënnerschrëft leeschte mussen.

Nodeems ee seng Umeldung am Prüfungsamt ofginn huet, kritt een no ca. 2 Wochen e Bréif mat dem genauen Datum vum Abgabetermin. Et huet een am Ganzen dann 2 Méint Zäit, ier een déi fäerdeg Bacheloraarbecht rëm am Studienbüro ofgi muss. Si muss 3x a gedréckter Form, souwéi 3x op CD gebrannt ofgeliwwert ginn.

Ab dësem Zäitpunkt heescht et vill Gedold hunn. D’Korrekteren hu lo och 2 Méint Zäit fir ze korrigéieren an hir Bewäertung ofzeginn. Ca. 2 Wochen dono erhält een eng Bescheinegung op d’Bacheloraarbecht bestanen ass an d’Gesamtnote vum Studium. Den Diplom huet een domatt awer ëmmer nach net an der Hand. 6 Wochen nodeems een d’Bescheinegung am Grapp huet, kann ee sech un de Studienbüro wenden an den Diplom entweder perséinlech siche goen oder sech zouschécken loossen.

Net ze vergiessen ass dono d’Androe vum Diplom am „Registre des titres“. Dëst ass noutwenneg fir déi spéider Aarbechtssich.

Dës Informatioune gëlle fir den ale Studiengang Bibliothekswesen.

Weider Infoen zum „Registre des titres“:

http://www.guichet.public.lu/citoyens/fr/enseignement-formation/etudes-superieures/reconnaissance-diplomes/inscription-registre-titres/index.html

Informatiounen zur Bacheloraarbecht vun der FH Köln:

http://www.fbi.fh-koeln.de/studium/pruefungen/InfoBachelorarbeitBIB+IW.pdf

Antrag fir d’Zouloossung zur Bacheloraarbecht vun der FH Köln:

https://www.fh-koeln.de/mam/downloads/deutsch/studium/studiengaenge/f03/antraege_formulare/f03_ba_inw_bwn_antrag_zul_bachelorarbeit.pdf

By Tami

Leave a comment